Regierung Juncker-Asselborn II

D'Regierung Juncker-Asselborn II den 29. Juli 2009 an der Chamber bei der Presentatioun vum Regierungsprogramm.
De Premier Jean-Claude Juncker presentéiert de Programm vun der Regierung Juncker-Asselborn II den 29. Juli 2009 an der Chamber.

D'Regierung Juncker-Asselborn II war eng Koalitiounsregierung aus CSV an LSAP, déi aus de Chamberwale vum 7. Juni 2009 zu Lëtzebuerg ervirgaangen ass. Si huet um Koaltiounsaccord tëscht dësen zwou Parteie vum 20. Juli 2009 baséiert. Den 23. Juli 2009 ass se vereedegt ginn.

Si bestoung aus 15 Ministeren, wouvun der 12 aus der vireger Regierung iwwerholl goufen.

Den 1. Februar 2012 koum et zu enger Ännerung an de Ressorten Ekonomie an Energie, wou den Etienne Schneider de Jeannot Krecké, deen aus perséinleche Grënn zeréckgetruede war, ersat huet.[1]

Den 30. Abrëll 2013 goufen, no der Demissioun vum François Biltgen an der Marie-Josée Jacobs, d'Martine Hansen an de Marc Spautz als nei Ministere vereedegt.[2]

Den 11. Juli 2013 huet de Premier Juncker, nodeem d'LSAP am Kader vun der SREL-Affär, sou wéi och déi meescht Parlamentarier vun den Oppositiounsparteien, der Regierungskoalitioun d'Vertrauen entzunn huet, erkläert, hie géif de Grand-Duc froen, fréizäiteg Neiwalen auszeruffen.[3] D'Regierung Juncker-Asselborn II ass den 3. Dezember 2013 zeréckgetrueden a gouf duerch d'Regierung Bettel-Schneider, déi aus de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 ervirgaange war, deen Dag drop ofgeléist.

  1. "Den Etienne Schneider gouf als Wirtschaftsminister vereedegt." RTL.lu - 01.02.2012, 06:39 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.02.2012, 09:10.
  2. "Remaniement ministériel." Communiqué vun der Regierung, 27-04-2013 op gouvernement.lu.
  3. "Neiwahlen: No Regierungsrot geet Premier an de Palais." RTL.lu - 10.07.2013, 14:21 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.07.2013, 08:20.

© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search